E ganz decke MERCI un d’Lynn Kauffmann!

21st September 2024

club logo

AB Contern

image
image

E Samsdeg 21. September 2024 nom Dammematch a virum Härematch hat de Comité eng kleng Zeremonie organiséiert fir d’Lynn ganz offiziell ze éieren.

 Mat elo 30 Joer - wouvunn déi meescht mat ganz vill Basket gefëllt waren - hëllt d’Lynn lo déi scho mei laang ugekennegt BasketsPensioun!

14 Saisonen um ieweschten Niveau, 10 dovun fir den AB Contern!

An der Mëtt war hatt eng Keier zwee Joer op der Sparta an och zwee Joer zu Ettelbréck.
 
D’Lynn ass als Fille Scolaire vun Hieffenech wou hat gewunnt huet op Contern komm, bei eng Equipe déi deemols scho schéi staark war...  a mam Lynn  natiirlech nach méi!

A wéi dunn kurz drop och nach d’Fabienne hiren Trainer ginn ass , huet déi Equipe - wou och zb. d’Lou an d’Charlie dra waren – zu Letzebuerg d‘Championnat an d‘Coupe dominéiert. Si hunn zesummen sëllege Titelen fir den AB Contern gewonn bei de Filles Scolaires, Cadettes an Espoires.

Ganz fréih ass d’Lynn dann och schon an d’éischt Equipe komm. D‘Saison 2010/2011 war seng éischt, hat ass seier Stammspillerin ginn an huet sech ëmmer weiderentwëckelt. D’Fabienne hat do - fir déi Generatioun - bal ëmmer seng Hänn am Spill! An esou ass d‘Lynn zum Pilier vun eiser Dammenéquipe ginn! Am Rebond (mer haten eng Saison 20/21 wou d’Lynn no un 200 Rebonds hat!) an och mat sengen Hallefdistanzwerf war hat ëmmer eng vun eise wertvollste Spillerinnen.
 
Dass d‘Lynn also net nëmmen sämtlech Jugendkategorien bei der FLBB durchlaf huet, mais och geschwënn an d’Nationaléquipe geruff ginn ass, konnt also keng Iwerraschung sinn.

D’Spiller vun de klenge Länner am Montenegro, Francophonie zu Abidjan, EM an Irland an duerno och z. Bspl. géint Italien, Griechenland an nach eng Rutsch aner Länner stinn haut a sengem Curriculum.

Säin Départ wärt - och wann en ugekënnegt war - schon e bessi (oder zwee bessi) wéih doen, mais gottseidank hu mer jo keen sou schlechten Ersatz kritt en attendant dass eis Jugend esouweit ass.

D’Lynn huet jo awer glëcklecherweis net wëlles eis ganz ze verloossen och wann seng Prioritéiten elo net méi grad esou vill op de Basket geriicht wärte sinn. Hat hëlleft z. Bspl. schon elo bei den Prépoussins a bei eenzelne Saachen vum Comité, z. Bspl. beim Desch.... a wie weess...wat eis an him do nach wärt afalen.

Egal wéi .... haut war et elo emol e ganz ganz decke Merci fir dat wat d’Lynn fir den AB Contern geleescht huet!
D’Lynn krut am Numm vum Veraïn vum Präsident Alain WIES e Geschenkbong iwerreecht an och - aus den Hänn vum Fabienne Fuger - en decke Bouquet Blummen.
Seng Equipe hat him jo schon beim läschte Match vun der Saison 23/24 hire klenge Cadeau gemat!

Mach et gudd, Lynn!